Marc SOSSON, Dirigent
Am Joer 1975 huet de Marc Sosson an der Académie de Musique zu Arel ugefangen Klarinette ze léieren.
1983 ass hien op Liège an de Conservatoire gewiesselt wou hien sain 1. Präis am Solfège an op der Klarinette ofgeschloss huet an wou hien ebenfalls bis 1990 4 Joer Klarinette supérieur gemach huet.
Vun 1987 bis 1989 war hien am Orchestre Symphonique du Conservatoire de Liège Solo Klarinettist an vun 1989 bis 1994 war hien och nach Musikannt vun der
"Musique Militaire de la Gendarmerie Nationale Belge" vu Bréissel.
Am Joer 1990 huet hien mat dem Beruf ugefangen deen hien haut nach emmer betätegt, dem Klarinette Enseignant.
Am Moment ass hien Prof op der Académie de Musique zu Arel an bei der UGDA Museksschoul.
Niewend senger Klarinette ass hien och nach an der Directioun ganz aktiv gewiescht:
vun 1989 bis 2006 war hien Dirigent zu Ell,
vun 1991 bis 1998 war hien Dirigent zu Bascharage,
vun 2001 bis 2008 war hien Dirigent zu Halanzy (B),
vun September 2008 bis Dezember 2008 war hien Interims Dirigent zu Libramont (B)
an säit September 2008 ass hien bei eis zu Sandweiler an glaichzäitech zu Sterpenich-Barnich (B)